deutsch   english   français


Zu Lëtzebuerg ginn haut nach an dräi Folklorsgruppen regional Dänz gedanzt :

zu Beetebuerg : La Ronde
an der Stat : Uucht la Veillée
an
zu Miersch : Vallée des 7 Châteaux

Am Repertoire sinn et eng 20 Dänz aus dem fréiere Lëtzebuerger Duché. Recherchë vun Ethnologen a Musikswëssenschaftler hun et erlaabt d‘Melodien an d‘Schrëtt vun dësen Dänz erëmzefannen. Arrangéiert vu Fachleit gi Schibberli, Siwesprong, PickPolka, Minnewee, Karschnatz, Konterdanz, Eifeler Maklott, Härendanz, Sonndesdanz, Schottesch Näip an nach eng Parti anerer, vun hiren Dänzer mat Freed gedanzt an domatt esou mat dofir gesuergt ass, datt dëse kulturelle Patrimoine net verluer geet.

Déi zwou ”Truechte” vun den Dammen sinn an der Moud aus dem spéiden 18. an dem fréien 19. Joerhonnert sinn op Fuerschungen vum National Musee zustane komm.

Déi éischt - e seident Kleed - gëtt als Stater Sonndestruecht ugesinn.,

Déi zweet - e Kleed aus Kotténg - als Baueresonndestruecht. Dëse “Bauere” Kostüm ass nom franséische Moud Empire konzipéert, wou d’Taille héich gedroe gouf.

D’Kleed besteet aus drei Deeler: de Rack, d’Blouse an d’Schierteg. Fir Stëfter vun de Kleeder kommen nëmmen echt “copies d’époque” a Fro.

D’wiertes Hauf aus wäissem Kotténg ass un de Ränner stark plisséiert. Am National Musee fanne mer op engem Bild vum Mathias Kirsch (1835) de Stuel fir dës Hauf.

Duerch eng harmonesch Variatioun an de Kleederfaarwen, mécht den Danzgrupp op der Bühn een gefällegt schéint Bild.

Den Häerekostüm ass Mëtt 19. Joerhonnert zouzeuerdenen.

Hei am Land tried den Danzgrupp meeschtens op Invitatioun vu Gemengen, Duerfsyndikaten a Privatgesellschaften op; am Ausland gi mer dacks op international Manifestatiounen a Festivaler, wat fir eis ëmmer flott Reese sinn.

Nei Dänzerinnen, Dänzer a Musikante si bei eis ëmmer wëllkomm. De "Lëtzebuerger Folkor" prouft eemol an der Woch ofwiesselnd an der Stad an zu Beetebuerg.