D'Prouwen an d'Optrėtter si fir déi 2 Danzgruppen

UUCHT/LA VEILLEE a LA RONDE

zanter 2011 zesummen. Si trieden zesummen ėnnert dem Numm
"Lėtzebuerger Folklor" op.

An eiser Géigend ware seit enger Zäitchen d’Volléksdänz an de Vergiess komm. Recherchë vun Ethnologen a Musékwësseschaftler hunn et erlaabt, d’Melodien an d’Schrëtt vun alen Dänz erëm ze fannen. Fachleit aus dësen Disziplinen hunn dat Grondmaterial benotzt, fir déi Dänz frësch opzestellen.
Am Repertoire vum Stater an dem Beetebuerger Folklorgrupp sinn eng 20 Dänz aus dem fréiere Lëtzebuerger Duché, déi fir d’Bühn arrangéiert gouwen, wéi Schibberli, Siwesprong, PickPolka, Minnewee, Karschnatz, Konterdanz, Eifeler Maklott, Härendanz, Sonndesdanz, Schottesch Näip an nach eng Parti anerer.

Sie ginn haut am Folklorgrupp vun den Dänzer mat Freed gedanzt an domatt ass gesuergt, datt dëse kulturelle Patrimoine net verluer geet. Hei am Land trëtt den Danzgrupp meeschtens no Invitatioun vu Gemengen, Duerfsyndikaten a Privatgesellschaften op; an d’Ausland geet et dacks op international Manifestatiounen a Festivaler, wat fir ons natiirlech flott Reese sinn.

Nei Dänzerinnen, Dänzer a Musikante si bei ons ëmmer wëllkomm. Mir prouwen eemol an der Woch ofwiesselnd an der Stad an zu Beetebuerg.

Besuch

zėnter dem 01. Juli 2011: 85925

webcontact     copyright: FOLKLOR.LU